J.F. GANGLER (1841) Kuerblummen um Lamperbiereg gepléckt An èngem mæchtech warme' Summerdaag Font e' Knïecht un der Arbecht kee' Geschmaach. E' loigt sech en'r e' Baam, a' fóng gleich oin ze ronken. Noh vilem Siche' fent sei' Meeschter ehn do leien. Kaum traut e' sengem A'n; en dènkt, dee' Kïerl as dronken. E' reselt ehn, a' sæt: Soll'ch mech elèng geheien! Du bas net wïerth, dat 't Sonn hir Strahlen Ob dech liderlecht Véh lésst falen. De' Knïecht, nach halw am Schlof, sot: Respect fir dé Rïed; Só hun ech och gedoicht: doirfir lei'n ech am Schiæd. Lëtzebuergesch