Marcel REULAND Mëttesstonn Eng Handvoll Haiser am Wisegronn an e bloen Himmel voll Summersonn. Den Hank aus rabbelt e Won op d'Gewan, eng Fouer Hëtzt an e schléifregt Gespan. Enzwousch an de Gaasse ramouert de Schmadd ma soss keen Toun, tëscht de Maure keen Tratt. D'Hëtzt ziddert laanscht d'Haiser, keen Hunn, dee kréit keen Hauch, deen en Hallem um Flouer béit. An dobausse stin d'Gaarwe Kaascht u Kaascht, op de Bauer ze waarden, e stolze Laascht. Wann de Summer geet Dräi Dee laang as e raue Wand wéi wëll duerch d'Gaasse gejeet, d'Gewëlleks as schaarf duerch den Himmel gerannt, an d'Beem hu gekeimt a geklot. Ma op eemol as alles roueg gin, hënt geet keng Lëftche méi, keen Hauch laanscht den Däich, wou d'Pëppelter stin, an 't as mer, ech weess nët wéi. An 't as mer sou ongemälleg hënt, an ech weess dach genee Bescheed: dräi Dee hault de Wand, wann d'Fréijor kënnt, an och, wann de Summer geet. Lëtzebuergesch