August LIESCH Den Taucher (Fräi nom Friderech vu Schiller) Wie wot de Spronk? Heit steet méng eelst Duechter, S'as nët méi jonk, An och nët grad schéin, Mä se kritt duerfir Vill Geld a vill Saachen a Sëlwergeschier. Déi gëlden Zalettchen hei Fléit nondikass! An d'Uelzecht elo wou s'am déifsten as. An dee mer s'erëmbréngt, Dee kann se behalen A méng Duechter, onst Kätti As him zou Gefalen. -» Sou rifft de Kinnek, Zu gläicher Zäit Hat hien d'Zalettchen An d'Uelzecht gehäit An d'Jongen, déi stin do Niewent dem Kätt De Jang an den Hari, Den Nick and de Mätt De Klos an den Tunn, De Fränz an de Frinn - Esou laang scho war d'Uelzecht Gebotzt nët méi gin. Se stin do ze brucken, An all hun se d'Flemm. Op eemol du koum een, 'T war een aus der Schwämm. An alles rifft, An alles as frou, Hien denkt: Haalt d'Mailer zou, Ech weess, wat ech mengen, Ech fleet him op d'Kätt Wann ech nëmmen d'gëlden Zalettchen hätt ...» E spréngt och an d'Waasser, En däicht op de Fong, Dat éischt wat e bréngt, War en zrassege Schong. Sou bal e konnt schwätzen, Du sot en: Dat as, ménger wärrech, Do ënnen en Dreck! Et fënt ee vun allem, Mee nët wat ee sicht, A keen Däiwel ka soen, No wat dat et richt.» E stong do ze zabblen, Well d'ware gewëss Eng Wochen ër dräi No der Schuebermëss. De Kinnek rifft: An d'Kätti seet och: . - Fir d'zweet Kéier däicht en, Mä du gong et schif En as an de Potschamben Hänke blif. Lëtzebuergesch