De Kueb an de Fuuss al franséisch Weis / Wierder: Michel Lentz 1. Et wor e---mol e Kueb, dee souz ze-fridd'n a frou, e Kéis a sén-gem Schniew'l op en--gem Bam ant---zwou. Du koum de Fuuss ge-schlach, ge-leet vun dem Ge-roch, a riet de Kieb-chen un mat dë--sem Schmeech-ler----sproch: Refrain Op d' Weis vum Tra---di-ral---la--la, op d' Weis vum Tra---di-ral-la la op d' Weis vum Tra-----di--ri---di-ral------la-----la. 2. "Bonjour, Här Komper Kueb, ma sot, wéi geet et iech?" "Ech danke, Komper Fuuss, et geet mer gutt - an iech? Méng Kanner sin och wuel, dem Jéngsten eppes feelt , en huet de Schnapp erwëscht, d' lescht an där grousser Keelt." Op d' Weis vum Tra-- 3. "Jëss, Kueb, wéi fei gefiizt vum Kapp bis op de Stäiss! Dir loosst gewëss är Kleeder komme vu Paräis." "Jo!" seet deen domme Still, deen d' Spottried nët versteet - an hie gët him d'Adress vum Schneider, deen hie kleet. Op d' Weis vum Tra-- 4. "O, wann äre Gesank wéi äre Frack gefällt, da stiecht dir of mat Glanz all Sänger vun der Welt. Jeet, sangt mer eppes Klengs, e Spaass, et brauch nët vill, dir hutt vum Papp zum Sonn fir d'Musek grousst Gefill." Op d' Weis vum Tra-- 5. Den Ament schléit de Kueb, deen nët vum FIéiwen as, de Gigot, wéi en Dapp aus alle Kräfte lass. Ma well mer beim Gesank de Schniewel op muss dunn, du trëllt de Kéis erof, dem Komper Fuuss op d'Dunn. Op d' Weis vum Tra-- 6. De Fuuss spréngt op de Kéis, en hat sech drop gefaasst. E laacht sech d'Fäischtche voll, e seet: "'T as ausgespaasst! Ech hat méng Freed mat iech, dir sid e propren Hecht ! Dir sid nët schéi gebotzt, dir sangt erbäärmlech schlecht !" Op d' Weis vum Tra-- 7. Hei, wéi de Kueb dat héiert, mécht e groussech An. "Sech klappen, da's verbueden", seet en, "wat hei man ? Ech si bestuel, bedrunn, all Ongléck op mäi Kapp ! Den Deche vun de Kueben as passéiert fir eng Schlapp." Op d' Weis vum Tra-- 8. Nu lauschtert nach d' Moral vun där Geschichtchen hei, dir Kuebe, grouss a kleng, gët uecht, si as nët nei: "E Gurmang huet gesot, datt mer nët schwätze soll, wa mer de Kéis gär ësst a mer de Mond huet voll." Op d’ Weis vum ........ (source :luxmidi)