An Amerika , Michel Lentz Vu méngem Duerf goung ech hier, Dat frësch am Grénge lait Dohannen iw'rem grousse Mier Sou wait fu mier, sou wait; Do stét en aremt klinzecht Haus, Eng Bänk virun der Dir, Do brét eng Lann hir Blieder aus, Mecht kille Schied derfir : Refr.: Wéi hun ech d'Hierz sou wéi ! Get mir main Dach fu Stréi A méngem Duerf erem, Ech gin iech alles drem ! . Fu ménger Mamm fort goung ech hier; Dé gudden Engel do, Mat hirem Hierz gét iwer d'Mier Si iweral mir no; Op onser Bänk virun der Dir Hu mir sou oft gesiess, A koum ons d'Liewen däischter fir, Mir hun et do fergiess: . Vu méngem Meedche gong ech hier Wat soll d' léift Kand wuel man ? 'T fléit a Gedanken iwert d' Mier A kuckt an d' Welt eran. Op onser Bänk virun der Dir Gouf d' Zäit ons keemol laang ; D' Lann ganz eleng, déi wees wuerfir Mir duer sin dreeme gaang. . Fun hinnen zwé fort goung ech hier, Hunn néierens keng Rou; An zënter zwëschen ons dat Mier, Gin ech och nët méi frou; Kënnt op der Bänk virun der Dir Ech sëtzen eng Minutt Bei hinnen zwé, da wär et mir Op deser Welt rem gutt !